top of page

Emmanuel Junk

Den Emmanuel ass zu Lëtzebuerg gebuer, huet en däitsche Papp an eng franséisch Mamm. Den Emmanuel ass Baryton-Bass Sänger an huet am Alter vun 10 Joer mat der Musék ugefaang Clarinette ze léieren.

Am Alter vu 16 Joer huet den Emmanuel bei de Pueri Cantores vum Stater Conservatoire ugefaang. 

Duerno ass den Emmanuel op den Institut supérieur de Musique et Pédagogique de Namur (IMEP) studéiere gaang, an huet do e Master am "Chant lyrique" gemaach. 

Den Emmanuel huet ënnert anerem als Solist an der "Opéra Royal de Wallonie" am Stéck "Don Carlos" vum Verdi gesongen, wéi och an den Operen "Le chaperon rouge" an "Le barbier du bois joli". 

Donierft ënneriicht den Emmanuel verschidde Matièren fir d'UGDA.

Zanter Dezember 2022 dirigéiert den Emmanuel d'Sandweiler Musék, wat seng éischt Plaz als musikalesche Chef vun engem Orchester ass.

Emmanuel Fotto Site _edited.jpg

Mil Muller

1CB3B634-0119-4A98-AFB4-7BC7DA65287F.jpeg

De Mil ass zanter 2010 Member vun der Fanfare Sandweiler. Nodeems hien mat op e Jugendstage gaang ass, huet et him sou gutt gefall, dass hee bliwwen ass. No enger Zäit ass hien ënnert der Direktioun vum deemolejen Dirigent Marc Sosson an d'Fanfare Sandweiler komm, wou hien zanter hier Battri a Perkussioun spillt. 

De Mil dirigéiert d'Jugendmusik vun der Fanfare Sandweiler zanter 2016.

Donierft dirigéiert hien d'Greiweldenger Musék a spillt a verschiddene Projet'en mat.

bottom of page