top of page

IWWERT EIS

Wat ass d'Fanfare Sandweiler?

D'Sandweiler Musek gëtt et säit 1905. Zanter hier, hunn 16 Dirigenten d'musikalesch Geschécker vum Veräin geleet an et goufen 12 Presidenten.

D'Fanfare Sandweiler huet traditionell Evenementer, wéi de Galaconcert, de Wantergala an d'Grillfest. Donierft encadréiert d'Musek verschidde Festivitéiten, wéi zum Beispill Nationalfeierdag, d'Kommioun oder de Besuch vum Kleeschen zu Sandweiler. Zanter Januar 2018 gëtt d'Fanfare Sandweiler musikalesch geleet vum Sam Koob.

Zanter 2002 huet d'Sandweiler Musek eng Jugendmusek, fir de SchülerInnen vun den Instrumenter de Spass um Musizéieren nozebréngen. Zanter 2016 leet de Mil Muller d'Jugendmusek.

FaSa.jpg
bottom of page